<
>
X
i

Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg
1845-1940

Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg (1845-1940)

Déi lëtzebuergesch Sproochgeschichtsschreiwung kann een zum engen iwwert déi individuell Fuerscher erzielen, déi iwwert d’Jore wichteg Bäiträg fir d’Fuerschung geliwwert hunn an zu aneren iwwert déi Associatiounen an deenen si sech mat Gläichgesënnten ausgetosch hunn an zesumme fir d’Valoriséierung vun der Sprooch geschafft hunn. An dëser Online-Ausstellung vum Centre national de littérature gi fënnef Gesellschaften a Veräiner virgestallt, déi sech all op hir eege Manéier mat der Sprooch ausernaner gesat hunn.

Um Ufank steet den Institut Grand-ducal a säi Virgänger d’Société archéologique. Hiren Interessi gëllt niewent der Geschicht vum Land och den Dialekter vu sengen Awunner an si ënnerstëtzen an deem Kader fréi sproochwëssenschaftlech Studien. Um Enn vum 19. Joerhonnert gëtt de Veräin Ons Hémecht gegrënnt, deen sech besonnesch dofir asetzt, datt d’Lëtzebuergescht eng offiziell Orthographe kréie soll an deen eng wichteg Roll bei der Grënnung vun där éischter Dictionnaireskommissioun spillt. Am fréien 20. Joerhonnert kritt d’Beschäftegung mat der Sprooch duerch d’Nationalunio’n een nationalisteschen Ënnertoun. Trotz dëser Politiséierung spillt de Veräin duerch den Encouragement vu jonke Schrëftsteller eng wichteg Roll bei der Entwécklung vun der lëtzebuergesch-sproocheger Literatur. An der Tëschekrichszäit hunn sech d’Gemidder nees souwäit berouegt, datt eng wëssenschaftlech fundéiert Lëtzebuerger Sproochfuerschung entstoe kann. D’Luxemburger Sprachgesellschaft setzt sech déi enorm Aufgab fir ee komplett Wierderbuch vum Lëtzebuergeschen zesummenzestellen. Den Ofschloss mécht de Veräin D’Hémechtssprôch, deen sech als éischte Schrëftstellerverband vun de lëtzebuergesch-schreiwenden Auteure gesinn huet an deen sech fir déi offiziell Unerkennung vum Lëtzebuergeschen als Landessprooch agesat huet.

Dës fënnef Veräiner erzielen d’Virgeschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch a bereeden de Wee fir d’Entwécklunge vun der Nokrichszäit, vun de Veräiner Eis Sprooch an Action Lëtzebuergesch iwwert d’Sproochegesetz vun 1984 an dem Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch.


Zeréck
Weider